RAINY DAYS 2025

09.+23.11.2025
Philharmonie,
Luxembourg

AMSTEL QUARTET
LUXEMBOURG SAXOPHONE ASSOCIATION

Hy-Khang Dang, directioun

PROGRAMM
Salvatore Sciarrino: La bocca, i piedi, il suono (1997)
fir 4 Solisten an 100 Saxophonen

Am Kader vum “rainy days 2025”:
https://rainydays.lu/

DEADLINE
26. Oktober 2025

D’Luxembourg Saxophone Association schléisst sech zesumme mat der Philharmonie Luxembourg an dem Amstel Quartet fir eng eemoleg Erfarung unzebidden, fir SaxophonistInnen op all Niveau.

Am Kader vum rainy days 2025, spille mir dem Sciarrino seng gigantesch Kompositioun fir 4 Solisten a 100 Saxophonen am Foyer vun der Philharmonie.

Esou munch Leit géifen sech tatsächlech täuschen, wann se mengen, dass 100 Saxophonen nëmmen en ongeheiert Kaméidi kéint uriichten! Taucht mat eis an dem Sciarrino seng entspaanten Dramwelt, a maacht mat, bei dëser aussergewéinlecher Opféierung!