ETTELBROOKLYN STREET FEST
26.09.2026
PLACE MARIE-ADÉLAÏDE,
ETTELBRUCK (L)
LSA MEGA SAXOPHONSORCHESTER
Hy-Khang Dang, direction
PROGRAMME
Georges Bizet: Carmen Suite (extraits)
Johannes Brahms: Ungarischer Tanz N° 5
Coolio: Gangsta’s Paradise
Dans le cadre du Ettelbrooklyn Street Fest 2026:
• https://ettelbrooklyn.lu
DEADLINE
18. September 2026
Den LSA Mega Saxophonsorchester zelebréiert säi grousse Comeback! Mat senger zweeter Editioun, des Kéier zu Ettelbréck, wëlle mir mat iech an déi nei Saison starten. Dëse besonnesche Moment wëlle mir mat iech feieren!
The LSA Mega Saxophone Orchestra is celebrating its big comeback! With its second edition, this time in Ettelbruck, we want to kick off the new season with you. We want to celebrate this special moment with you!
-
Hues du Spaass um Saxophonspillen?
Hues du grad ugefaangen, Saxophon ze spillen?
Bass du scho jorelaang Member vun enger Harmonie oder Fanfare, oder och eréischt säit kuerzem?
Wollts du schonn ëmmer am gréisste Saxophonsorchester vu Lëtzebuerg matspillen an aner Leit kenneléieren déi däin Hobby genausou gär hu wéis du?
Brenns du fir eist Instrument genausou wéi mir?
Da mell dech séier un!
• Fir Saxophonist:innen op all Niveau, aus Lëtzebuerg an der Groussregioun
-
Georges Bizet: Carmen Suite (extraits)
• Les Toréadors
• Danse BohèmeJohannes Brahms: Ungarischer Tanz N° 5
Coolio: Gangsta’s Paradise
-
Et sinn Eenzelstëmmen fir all Niveau dobäi! Vergiesst net, är Stëmmen auszedrécken an deen Dag matzebréngen!
Denkt w.e.g. drun en Noutepult, eppes fir ze schreiwen an och e puer Klameren oder Magnéiter mat an d’Prouf ze bréngen.
There are parts available for all levels! Do not forget to print your parts and bring them with you on the day!
Please remember to bring a music stand, something to write and some clips or magnets to the rehearsal.
-
11:00 - Treffpunkt
CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, 1 Place Marie-Adélaïde, 9063 Ettelbruck – Parking “Um Däich”11:30 - Tutti Lecture
12:30 - Lunch
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.13:30 - Regësterprouwen
15:00 - Tutti Prouf
16:00 - Kaffispaus & Sandwiches
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.16:30 - Generalprouf & Duerchlaf
17:30 - Concert
Weider Informatiounen:
• https://ettelbrooklyn.lu