IWWERT EIS

D’Luxembourg Saxophone Association setzt sech an, fir divers Aktivitéite ronderëm de Saxophon ze proposéieren, notamment fir kënnen eng grondleeënd Plattform fir Schüler, Enseignanten, esou wéi och Amateur- a professionell Saxophonisten aus Lëtzebuerg kënnen unzebidden.

No e puer Joer Paus, huet d’ASBL sech neierdéngs erëm zesumme gesat fir nei Projeten auszebauen, engersäits duerch d'Organisatioun vun engem Saxophonsfestival mat kënschtleresch, pedagogesch a sozialen Aktivitéiten um Programm, an anerersäits och fir onofhängeg Projeten an Initiative wéi de Luxembourg Saxophone Ensemble kënnen z’ënnerstëtzen.

An där Hinsicht, wéilt d’Luxembourg Saxophone Association eng besonnesch Villfalt vu Saxophonisten op all Niveau a sämtlech Generatiounen zesumme bréngen, andeems se eng weesentlech Plaz fir d’Ënnerhale vun enger richteger Gemeinschaft accordéiert, déi d’Wäerter vun engem Gemeinschaftsënn an Zesummenhalt ënnert de Leit vermëttelt, mee awer och fir hiert Instrument bei engem vervillfältege Publikum ze promouvéieren, an domat méi Leit dozou ze beweegen sech fir de Saxophon ze interesséieren.

ABOUT US

The Luxembourg Saxophone Association is committed to offer multiple activities around the saxophone in order to provide an essential platform for students and teachers, as well as amateur and professional saxophonists in Luxembourg.

After a hiatus of several years, the association is coming back together with a renewed commitment to developing unique and original projects, such a regular saxophone festival including both artistic and pedagogical as well social activities, and supporting independent projects and initiatives, such as the Luxembourg Saxophone Ensemble.

In that regard, the Luxembourg Saxophone Association would like to reunite a wide range of saxophonists at any level and from any generation through an indispensable engagement dedicated to sustain a genuine community which truly conveys a mutual sense of community and coherence, as well as promoting the instrument to a more diverse audience and therefore providing incentives for more people to engage with the saxophone.

EISE COMITÉ

D’Luxembourg Saxophone Association gëtt vun enger dynamescher Equipe vun Enseignanten a Saxophonisten dirigéiert.

De Comité besteet aus follgende Memberen:

  • Hy-Khang Dang, President

  • Mélina Zeleniuc, Tresorière

  • Hy-Huu Dang, Generalsekretär

  • Andreas Mader, Member

  • Lisa d’Harcour, Member

Bass du interesséiert dem Comité bäizetrieden? Jiddereen ass wëllkomm fir sech un der Organisatioun vun de verschidden Aktivitéiten vun der Luxembourg Saxophone Association ze bedeelegen!

Mir invitéieren iech heimat den 28. September 2024 um 10:00 op déi nächste Generalversammlung vun der Luxembourg Saxophone Association am Escher Conservatoire (50 Rue d'Audun, 4018 Esch-sur-Alzette).

Déi Interesséiert kënnen hir Kandidatur iwwer info@saxophone.lu ofginn.

Klickt hei fir den Ordre du Jour ze gesinn.

MEMBERS OF THE BOARD

The Luxembourg Saxophone Association is run by a dynamic team of professional saxophonists and teachers.

The board of directors consists of the following members:

  • Hy-Khang Dang, Chairman

  • Mélina Zeleniuc, Treasurer

  • Hy-Huu Dang, General Secretary

  • Andreas Mader, Member

  • Lisa d’Harcour, Member

Are you interested to join the board? Anyone is welcome to take part in the management and the organisation of various activities of the Luxembourg Saxophone Association!

We are pleased to invite you to the General Assembly of the Luxembourg Saxophone Association on 28 September 2024 at 10 AM at the Conservatoire de la Ville d’Esch (50 Rue d’Audun, 4018 Esch-sur-Alzette).

Anyone interested may apply as a candidate via info@saxophone.lu

Click here to view the agenda.