FREQUENTLY ASKED QUESTIONS
LËTZEBUERGER SAXOPHONSDEEG 2025
@ CONSERVATOIRE DE LA VILLE D’ESCH-SUR-ALZETTE
Mir kréien am Moment vill Froe gestallt bezüglech de Saxophonsdeeg, dofir hu mir des FAQ Säit opgestallt. Mir hoffen dass dëst iech bei ären Froe weider hëlleft, falls awer nach Froe bleiwen, zeckt net a mellt iech bei eis!
-
Fir de Moment gëtt et nach kee festen Stonneplang. Wat scho fest steet, ass e groussen Ofschlossconcert den 9. Abrëll 2025 um 19h30 am grousse Sall. No der Deadline vum 10. Mäerz, kritt jiddereen e Formulaire, wou dir är Preferenze kennt uginn. Unhand vun dësen Präferenzen stelle mir dann en detailléierte Stonneplang zesummen. Déi allgemeng Auerzäite vum ganze Workshop sinn ënnert der Rubrik „Planning“ op der Websäit ze fannen.
-
Et dauert gewéinlech e puer Deeg fir d’Donnéeën ze traitéieren an eng Confirmatioun eraus ze schécken. Eise System erlaabt eis de Moment leider net fir automatesch Confirmatiounen erauszeschécken. Early-Birds missten awer schonn eng Confirmatioun krut hunn! Falls dat net de Fall ass, mellt iech w.e.g. bei eis.
-
Mëttegiessen ass net an de Käschte mat abegraff. De Conservatoire bitt eng Cafeteria wou dir op eege Käschte kennt drop zougräifen.
-
De Conservatoire mëscht Méinden an Dënschden um 17 Auer zou, sou dass d’Kanner no hirem Workshop NET vun eis op der Plaz encadréiert kënne ginn. D’Elteren si responsabel fir si pünktlech um 17 Auer sichen ze kommen.
-
De Vollstännege Workshop bitt eng Serie vu Gruppenaktivitéiten, wouvun de Solomodule NET Deel ass. Ee Solomodule ass ee méi traditionellen Individualcours um Instrument, wou een u spezifesche Stecker mat engem oder méi Proffen 1 zu 1 schaffe kann. Ideal fir d‘Preparéiere vun Examen oder Concerten, souwéi och fir Saxophonisten déi keng Coursë méi huelen an nees e Stéck an engem Eenzelcours wëlle schaffen. De Solomodule ass eng fakultativ Optioun déi 50 € extra kascht. Des Optioun ass gülteg fir Saxophoniste vum Niveau Level 2 oder Level 3.
-
Fir dës Editioun, kann een sech leider nëmme mat engem besteeënde Kammermusekgrupp umellen. Mir encouragéieren iech mat Frënn a Kolleegen e Saxophonsquartett oder e klengen Ensembel ze forméieren, a mat deem Grupp eppes Klenges fir de Festival virzebereeden falls dir vun dëser Offer profitéiere wëllt.
-
Wann dir an engem Eenzelcours (Solomodule) wëllt ee Stéck mat engem Pianist spillen, ass dat méiglech, an dat gëtt eenzel mam Pianist ofgemaach. Partiture mussen am viraus un de Pianist geschéckt ginn. Detailer dozou kommen no.
-
Fir den Jazz Workshop soll ee Kenntnis matbréngen am Improviséieren, am Jazzstil oder an der Jazzphraséierung. Klassesch Saxophonisten hunn d’Méiglechkeet och un Jazz Schnuppercoursen deelzehuelen, dëst a Form vu Gruppecoursen déi am Vollstännege Workshop mat abegraff sinn.
-
Fir LSA Member ze ginn, soll een iwwert eisen Internetsite eng Demande schécken. Dir fannt de Formulaire ënnert der Rubrik „Membership“.